MESSAGE

Filmproduktiounsversécherung
Den Tournage oder d'Postproduktioun vun enger Publicitéit fir d'Televisioun oder fir de Kino stellen ëmmer kritesch Phasen duer, während deenen de Projet mat grousse Risike verbonnen ass. Och wann et näischt Schlëmmes ass, geet et duer, dass en Evenement abrupt an onerwaart antrëtt, fir dass Äre ganze Projet kompromettéiert gëtt.
Den audiovisuelle Kontext ass am Ëmbroch: Déi nei Medie sinn am Gaang, ganz integréiert ze ginn a ginn zum Deel scho méi genotzt ewéi déi traditionell Medien. Dës Konvergenz erméiglecht méi eng staark Interaktioun mat deene verschiddenen Zilgruppen.
Internet, Intranet, Extranet, Handy ... wat déi digital Technologië méi performant ginn, wat se eng ëmmer méi wichteg Roll bei Ären Aktivitéite spillen. Wann Der nëmmen eng kuerz Zäit offline wiert, kéint dat schonn Auswierkungen hunn. Dir kënnt Iech also gutt virstellen, wat fir e Schued Der hätt, wann Äert elektronescht Material verluer oder beschiedegt géif ginn.
Krankheet, Onfall oder esouguer Doudesfäll ewei och Déifstall, Vandalismus, Hacken, Feier: alles dat si leider ganz reell Risiken.
An dëser Hisiicht bitt Media Assurances déi folgend Versécherungen un:

TECHNIKVERSECHERUNG
D’Versécherung deckt Schued, Zerstéierung a Verloscht vu Kameraen, Beliichtung, Tountechnik, abegraff d‘Bühn, Stroumgeneratoren an all aner technescht Equipement, déi fir Produktiounszwecker agebonne ginn, während dem Transport a beim Gebrauch.FILM-TV-MATERIALVERSECHERUNG
Bild-, Toun- an Datentransporter sinn während der ganzer Produktiounsperiod a Postproduktioun assuréiert, d.h. während der Produktioun, Veraarbechtung, Lagerung an Transport, bis d'Liwwerung un de Client.PERSOUNENAUSFALLVERSECHERUNG BEI FILM AN TV PRODUKTIOUNEN
Schied, déi aus der Ënnerbriechung, der Verzögerung oder de Stop vun der Produktioun entstinn, am Fall vum Accident, Krankheet oder Doud vun den versecherten Persounen.VERLOSCHT AN ZOUSÄTZLECH KÄSCHTEN VERSECHERUNG
Nom materielle Schued, sou wéi z.B. een Kameradefekt, kann e Retard optrieden bis e passende Ersatz geliwwert gëtt. Déi resultéierend zousätzlech Käschte gi rembourséiert.REQUISITEN VERSECHERUNG
Gebaier, Kostümer, Déieren, Planzen a méi si verséchert géint Schued, Zerstéierung a Verloscht während der Benotzung an dem Transport.VERSECHERUNG VU BEZUELMËTTEL
Versécherung vu Bezuelmëttel bei Abroch, Déifstall oder Verloscht.HAFTFLICHT VERSECHERUNG
Verséchert sin Fuerderungen am Zesummenhang mat legaler Verantwortung fir Kierperverletzung, materiell a finanziell Schiéd vun Drëtten am Fall vun engem Feeler vun der Produktioun.ONFALL- AN ZOUSAZKRANKENVERSECHERUNG
Besonnesch fir Auslandsreesen, sin finanziell Entschiedegungen no engem Accident matt Doudesfall oder Behënnerung verséchert, souwéi Behandlungskäschte nom Accident oder Krankheet. De Package kann nach weider ausgebaut ginn op z.B. juristesch Hëllef, Stellen vun Strofkautioun, Ersatz vu Bezuelmëttel, medezinesch Berodung an Informatioun, politesch Evakuéierung a méi.Är Kontakter
Vincent VALENTIN
Chief Executive Officer
Geoffroy GUISSARD
Exec. Acc. Manager & Compl. Officer